Guy Rewenig: Auszich aus sengen 3 leschte Bicher

10
Okt
2023
10 Okt

Dënschdes, den 10.Oktober 2023 invitéiert d'Ettelbrécker Bibliothéik um 19.30 Auer op ee gemittleche Liesungs-Owend mam Guy Rewenig, deen Auszich aus sengen 3 leschte Bicher virliest:

- "Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch", Geschichten an Erzielungen (2020)

- "Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk", Geschichten an Erzielungen (2021)

- "Schnatt", Roman (2022)

Mir freeën eis op äre Besuch!

Fräien Entrée - Keng Reservatioun


Foto © Guy Rewenig