Porte Ouverte Haff Ditgesbaach

16
Sep
2017
16 Sep

D'Equipe vun dem Haff Ditgesbaach invitéiert Iech häerzlech op hier traditionnell Porte Ouverte, Samschdes de 16. September 2017 vun 11.00 - 17.00 Auer. Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. Profitéiert ënnert anerem fir eng hausgemaachte Choucroute z'iessen a verbréngt e flotten Dag mat Frënn a Famill. Loosst Iech eis Aktivitéite méi no bréngen - vun dem traditionnellen Handwierk bis zu eiser Biogeméis-Produktioun.

Parking an der rue du cimetière oder op den Däichwisen.

Weider Informatiounen fannt Dir op www.atp.lu oder rufft un op den +352 26 81 49 1.

Mir freeën eis fir Iech deen Dag bei eis begréissen ze kënnen!