Ettelbrooklyn: Verdruddelt Geschichten - mam Marc Weydert

09
Sep
2023
09 Sep

A wa mer de Wollef mol eng Kéier géife schwätze loossen?

Oder wann de Kueb dës Kéier probéiere géif, seng Revanche um Fuuss ze huelen?

A wann de Prënz um Enn mol eng Kéier keng Prinzessin kréich?

D’Verdruddelt Geschichten huelen eis a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen. Mä passt op, dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!

Samschdes, den 9.September 2023, am Kader vum Ettelbrooklyn Street Fest, erzielt de Marc Weydert seng Verdruddelt Geschichten um 15.00 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik.

All Kanner ab 6 Joer sinn häerzlech invitéiert, den Entrée ass fräi, keng Reservatioun.