Bei der Patton-Bréck geet ët virun

Op béid Säite vun der Patton-Bréck gouf déi lèscht Woche vill geschafft. Zum Dreieck zou gouf de Veloswee, d'Hecken an d'Gras bis widdert d'Strooss an bis an den géien Hank eran ausgebaggert. D'Luuchten stinn ewell färdeg ugeschloss do. Alles ass glat gewalzt. Op der Säit vum Patton- Denkmal gesäit ët d'sèlwescht aus. Den näxte Méindeg gëtt op béid Säiten den definitiven Bitimteppech verluegt, sou dass spéitstens een Dënsdeg de Verkéier nees rullt.

Mar leeft de Verkéier vun Ettelbréck hir rechts laanscht de Bautrafix erof a vun do an de Krees. Dat wärt spannend ginn. De Bautrafix huet Samsdes moies op! Schëlter goufen ewell zum Deel opgestallt. Déi mëttelst Insel gëtt deemnäxt weggerappt. Deen ënneschten Deel ass schon erausgewullt.Schëlter leie kéipweis do, fir dass mar keen entzwousch land, wou en nit wollt.

D'Biller goufen haut géint 15 Auer gemeet.