Bromee op Buergsonndeg beim Patton Memorial

Temperaturen ënner null Grad an décken Niwwel haten d'Beem an d'Straich beim Patton Memorial zu Ettelbréck mat schéinem Bromee gerëscht. Wéi am Virmëtteg d'Sonn den Niwwel verdriwwen hat, sinn d'Temperaturen geklomm a vun där wäisser Pracht war géint Mëtteg näischt méih ze gesinn.