De beschte Premièresexamen am Général gouf am LTEtt geschriwwen!

Freides, de 7. Juli haten sech 55 Schüler:innen aus dem LTEtt an hier Familljen hei am Lycée Rendezvous ginn. D’Schüler:innen aus dem Beräich Technologie, Energie an Ëmwelt kruten hier Premièresdiplomer vum Minister fir Energie a Landesplanung, dem Här Claude Turmes, iwwerreecht. Awer och eis Beruffsklassen aus dem Debosselage, Chauffage sanitaire, der Elektro a Mechanik hunn den Ofschloss vun hirer Schoulzäit gefeiert.


Samschdes, den 8.07,  gouf ëm 10 Auer weidergefeiert: 40 Schüler:inne vun den 1GSO, eise Sciences sociales-Klassen, kruten hir Diplomer vun der Vertriederin vum Educatiounsministère, der Madamm Marielle Wirtgen, iwwerreecht. Déi eng oder aner Freedentréin ass gefloss an eis Diploméiert hunn lo eng weider Etapp um Wee fir an d’Beruffsliewen hannert sech.


An den LTEtt hat de Samschden de Mëtten eng drëtt Zeremonie um Programm: 80 Schüler:innen aus dem Beräich Commerce hunn hiren Ofschloss gefeiert, dorënner och d’Noémie, datt déi bescht Note vum Enseignement Général am Land hat! Merci der Vertriederin vum Educatiounsministère, der Madamm Molitor, an dem Buergermeeschter vun Ettelbréck, dem Här Jean-Paul Schaaf, déi hinne vill perséinlech Wierder a léif Wënsch fir hir weider Rees mat op de Wee ginn hunn.