De Kleeschen war zu Ettelbréck op Besuch

Haut, den 2. Dezember, huet de Kleeschen sech Zäit geholl, fir déi brav Kanner zu Ettelbréck besichen ze kommen. Méih schéin hätt d’Wieder nit kënne sinn. Keng eenzeg Wollék war um Himmel ze gesinn, wéi den hellege Mann mat dem Houséker um halwer dräi op der Gare aus dem Zuch geklomm ass. Du gouf deen héige Besuch vum de Gemengenautoritéiten häerzlech begréisst an d’Ettelbrécker Musék huet ee schmassegt Nikloslidd gespillt. Eng wonnerschéi Kutsch stong do ze waarden. Du huet de Kleeschen mat Engele Plaz geholl. Du gong de Cortége duerch d’Kennedyavenue a d’Foussgängerzone op d’Kiercheplaz. Ënnerwee huet de Kleeschen no riets a lénks déi brav Kanner begréisst, déi sou laang op dësen Dag gewaart haten. D’Musék huet Niklosmärsch gespillt an ët konnt een héieren, wéi äifreg vun de ville Kanner an Erwuessene matgesong gouf. Direkt virun der Kierch war eng breet Tribün, gerëscht mat Chrëschtbeemecher, faarwege Kannerzeechnungen a grousse Cadospäck. Ier de Kleeschen op enger Fotell Plaz geholl huet, huet en nach eemol jidderengem zougewénkt. Do konnt ee gesinn, wéi schéi wäiss séng Händsche waren. Wee virbäi stong, konnt souguer feststellen, datt e gëlle Schong unhat. An enger Hand huet en ee Bichelche gehal, wou sécherlech allerlee Intressantes dra stong.

Iwwerdeems wou iwwert Lautsprecheren Nikloslidder gespillt goufen, sinn dunn d’Kanner mat hiren Elteren op d’Tribün gelooss ginn. De Kleeschen huet jidderengem d’Hand gedréckt, en an d’An gekuckt an nogefrot, ob alles déi lèscht Wochen an der Reih wor. Him gouf näischt Schlëmmes gebeicht, well jidderee krut eng gudd gefëllten Tut. Den Houséker, deen derniewent souz, huet kengem eng Rutt brauchen ze ginn. Dat war gudd esou, well d‘ Schlaang ass laanscht de grousse Käschtebam bis bal bei d’Pensionnat gaang, sou datt déi lèscht nit ze laang op hir Tiitchen hu misse waarden. An hirer Begeeschterung wäert nit jidderee gemierkt hunn, dass d’Chrëschtbeliichtung schonns ageschallt war. De Kleeschen hat awer gläich dat schéint LED-Zelt an Uecht geholl, dat och dëst Jor aus der Plaz vrun der Kierch eng gemittlech Stuff zaubert.