École Privée Sainte-Anne : eng Schoul mat engem groussen Häerz

Am Schouljoer 2024/2025 huet d’École Privée Sainte-Anne vun Ettelbréck déi beandrockend Zomm vun 52.245,15 Euros fir karitativ Zwecker zesummegedroen. Dës Zomm ass duerch vill verschidden Aktivitéiten zesummekomm bei deenen d'ganz Schoulgemeinschaft matgemaach huet.

D’Sue ginn zwou Wueltätegsorganisatiounen zougedeelt, déi dem Lycée scho säit ville Jore besonnesch um Häerz leien: Maison Shalom International an SOS Villages d’Enfants Monde.

Kierzlech goufen zwee Schecken un d’Mme Denise Richard, Vertriederin vu partage.lu (fir d’Maison Shalom) an d’Mme Sophie Glesener, Directrice vun SOS Villages d’Enfants Monde iwwerreecht. D’Maison Shalom ënnerstëtzt gezielt Beruffsformatiounsprojeten am Ruanda an am Flüchtlingslager vu Mahama, mat dem Zil, jonke vulnerabele Leit eng berufflech Zukunft an Aussicht ze stellen. SOS Villages d’Enfants Monde ënnerstëtzt de Centre social zu Mindelo um Cap Vert. Mat Formatioun, Betreiung a Familljestäerkung hëlleft d’Organisatioun Familljen a Kanner a Noutsituatiounen an de Beräicher Educatioun, Wunnen a Beruffsintegratioun.

Schüler, Elteren, Enseignanten an d’Direktioun hu mat groussem Engagement zesummegeschafft, fir dëse Succès méiglech ze maachen. Mir si houfreg op dëse staarke Gemeinschaftsgeescht a soen all deenen e grousse Merci, déi dëse Projet mat Häerz a Courage ënnerstëtzt hunn. Mat dëser generéiser Spend gëtt ee wichtege Bäitrag geleescht, fir Mënschen an Nout konkret ze hëllefen – eng wäertvoll Traditioun, déi och an de kommende Jore weidergedroe gëtt.