Heemechtshand
Am „Luxemburger Wort“ vum 19. Juni versicht de Schäfferot vun Ettelbréck sech a Saachen Monument "Heemechtshand" ze rechtfertigen. („Beweise in Bronze“ S 27).
Tatsaach bleift datt mir als Ettelbrécker Gemeng ronn 500.000€ (20 Milliounen Flux!) ausginn fir e neit Monument a Feierlechkeeten ronderëm 150 Joer Heemecht. Dovunner sinn ronn 85% fir Monument mam Aménagement.
Den Wandrelief an Plaquetten vum fréieren Monument sollen beim spéideren Ausbau vun der Schoul dann "ein gebührenden Platz" fannen, wéi ett am Artikel steet. Do sinn mir awer nach weit wech dovunner. Ett gett mol nach keen „avant-projet sommaire“. Dat heescht awer och do kommen dann nach eng kéier Käschten op eis zou. A mussen mir all 25 oder 50 Joer lo e neit Monument fir eis "Heemecht" opriichten? Hätten mir nett besser eis mol em déi bestoend Monumenter ze këmmeren?
Kee Mënsch huet eppes dogéint wann mir 150 Joer Heemecht flott feieren an och ëffentlech Gelder duerfir ausginn. Et sollt een awer Fouss bei Mo halen! An d‘Fro bleift op een muss all 25 oder 50 Joer e neit Monument opriichten oder op een nett besser huet mol déi bestoend Erënnerungsstëcker ze fleegen.
Ech verstinn och nett d’Argument datt de Jury anscheinend d’Integratioun vun de Plaquetten an dem Wandrelief nett zréck behalen huet. Wann de Schäfferot, wéi am Artikel behaapt, déi Saach wollt an de Projet „150 Joer Heemecht“ integréieren, dann hätt de Jury sech och dorunner missen halen.
Et huet och ni een gesot, esou wéi am Artikel steet, datt de Wandrelief op engem "Schuttablageplatz" géif leien. Tatsaach ass awer datt de Wandrelief nett fachgerecht gelagert ass, an deelweis schonns vun Moos befall ass (Foto). Bleift och datt déi Plaz fir Monument, direkt virun der Steierverwaltung, denkbar schlecht gewielt ass.
Allgemeng schéngt de Schäfferot zu Monumenter a Skulpturen e speziellt Verhältnis ze hunn. Zënter Joren ass Déi Skulptur vun der Maartplaz jo och schonns an engem Lager deponéiert, a kee Mensch weess wat domatter geschéien soll.
Den Schäffen Här Halsdorf wäert awer ganz zefridden sinn iwwert déi Berichterstattung a brauch dann och nett méi de "code de déontologie" fir Journalisten ze beméien, wéi e gemengt huet datt missen an der Gemengerotssëtzung vum 16. Juni ze maachen.
Abbes Jacoby
Gemengerot
Ettelbréck