Konveniat vun der Ofschlossklass vun der 1. Divisioun 1969 aus der Sainte-Anne

1969 war en besonnesch geschichtsträchtegt Joer: De Neal Armstrong ass als éischte Mënsch um Mond gewandert, zu New York hunn iwwer 400.000 Leit beim Woodstock Festival de Summer vun der Léift gefeiert an d’Beatles hunn mat Abbey Road hire leschten offizielle Studioalbum eraus ginn. Wat a wéi vill dovun déi deemoleg Schülerinnen aus dem Sainte-Anne matkritt hunn, kann haut net méi genau gesot ginn. Trotzdeem haten och eenzeler vun hinnen an dem Joer eppes ze feieren. No engem erfollegräichen Ofschlossexame konnt d’Klass vun der 1. Divisioun hier Diplomer entgéint huelen.

Séit dem si 50 Joer an d’Land gaangen. Grond genuch, sech nach eng Kéier un des schéin Zäit zeréck ze erënneren. 17 fréier Schülerinnen haten dann och de 5. Oktober de Wee op Ettelbréck fonnt, fir sech op eng kléng Zäitrees ze beginn. Empfaange goufen si vun der Schwëster Rita, déi hinnen d’Gebailechkeete vun der Privatschoul fir jonk Meedercher gewisen huet. Dobäi gouf et fir d’Participanten déi eng oder aner Kuriositéit ze bestaunen. Nieft engem komplett verännerten Interieur, gëtt am Sainte-Anne mëttlerweil de Schoulalldag vun iPads an interaktiven Tafelen dominéiert, fir de Schülerinnen de richtegen Ëmgang mat der moderner Technik bäizebréngen. Déi sou gewonnen Andréck, goufen dunn béi engem klenge Patt weider verdéift ier d’Grupp zu engem gemeinsamen Iessen an dem no geleeëne Restaurant Dahm opgebrach ass. Nodeems och do d’Zäit béi enger gudder Ambiance reegelrecht verflu war, hunn sech d’Fraen en Versprieche ginn: An Zukunft wëllen si sech all 2 Joer erëm gesinn, fir sech un hier gemeinsam Schoulzäit zréck ze erënneren, an der Hoffnung dat deen een oder och aneren sech dozou gesellt.