Oktoberfest: Béier, Bretzel & Blo-Wäiss Feststëmmung
Dëse Freideg invitéiert den FC Etzella all Sympathisanten vun der Bayrescher Béier- a "Weißwurst"-Kultur op déi éischt Editioun vum Oktoberfest an d'Däichhal.
Fir a Stëmmung ze kommen, bedeelegt sech de lokale Syndicat schonns moies mat hirem Stand an der Foussgängerzone: Nieft dem Frëschmaart op der Kiercheplaz gëtt et "Wiesnbier", "Bretzel" & "Original Bayerische Weißwurst".
Vun 15h un leed den DJ Kuno bekannte Stëmmunglidder op!
Vun 17.30h un gëtt de Cortège op der Kiercheplaz organiséiert.
Géint 18.30h start de Cortège mat der un der Spëtzt der Ettelbrécker Musek an de Gäscht (no Méiglechkeet am "Dirndl" a "Lederhose") a Richtung Däichhal.
D'Diren maachen um 19 h op!
Um 19.30h fänkt d'Oktoberfest offiziell un mam "Anstrich" vum Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf.
Den Owend gëtt musikalesch encadréiert vun der Band "Original Hopfen & Malz Musi".
De Futtballclub deelt mat, dass keng Oweskees ass a keng Ausnahm gemaach gëtt.
>> Info: een ähnlecht Oktoberfest wéi zu Ettelbréck, hei hannendrun am Video (St. Vith 2011)