Radar


Ech mengen, ech wier schon op d'mannst 2x um Ettelbrécker Contournement geblëtzt gin! An dat mat 70km/h (net 71, net 72,... mais mat 70!) mat Tempomat! Eisen Minister ass jo der Iwwerzeegung, dass seng Radar richteg gin, dann hoffen ech emol, dass bei der Tarif-erhéigung vun 36% (esou eng Erhéigung misst emol en aaneren probéieren) eng re-calibratioun vun den Autos-tachoën dran abegraff ass.

P.S.: Ech sin een, deen sech am allgemengen ëmmer un d'Vitesselimitatiounen hällt an och méi Kontrollen fir richteg hällt. Allerdengs sin ech och der Meenung dass déi Radaren net do stinn, wou se fir méi Secherheet op den Stroossen sollten stoën!

P.S.2: Wann den Ministär, Ponts et Chaussée oder Police interesséiert sin, stellen ech mäin Auto gären fir Vitessekalibratiounen zur Verfügung!