Fraen a Mammen ACFL Gemeng Fëschbech

D'Sektioun ACFL aus der Gemeng Fëschbech huet den 21. Januar 2025 hier Generalversammlung vum Joer 2024 ofgehalen. No der Begréissung vun der Presidentin Alice Trausch-Huber, dem Aktivitéits-Rapport vun der Sekretärin Madamm Théa Kugener-Heck an dem Keesseniwwerbléck vun der Madamm Marie-Josée Degraux-Turmes hunn si hiren Posten frei gin. D'Kesserevisorinnen d'Madamm Renske Kolber-Helmrath an d'Madamm Anne Jacobsen-Perassolo hun eng einwandfrei Buchféirung bestätegt.

Et wor keen Member bereet fir déi Posten ze iwwerhuelen. No 30 Joer Aktivitéit ass dunn den Veräin opgeléist gin.

E ganz groussen Merci geet un all Memberen, déi eis ëmmer ënnerstëtzt an matgeschafft hun. Net vergiess sin all déi, déi deemols d'Sektioun opgebaut hun.

Den Paschtouer Félix Steichen an den Här Buergermeeschter Luss Brosius hun eis mat luewenden Wierder villmols Merci gesot.

An de Joeren 2024-2025 sin 10000 € un Donen verdeelt gin: Stroossenengelen 1000€ , Jong Bauren 1000 €, Parblaat 500 €, Médecins sans Frontières 1500 €, Chrëschte mam Sahel 1000 €, Télémass 500 €. An der Generalversammlung huet d'Madamm Nathalie Grotz 1000 € fir "Hëllef fir d'Natur" kritt, d'Madamm Martine Wirtz 1500 € fir "En Häerz fir kriibskrank Kanner" an den Claude Malget 2000 € fir den "Kierchefong". Sie all hun hier Activitéiten virgestallt an e grousse Merci ausgesprach.

An deenen 30 Joer Aktivitéit sin iwwer 80000 € gespennt gin.

Vun den 2087,50 € déi nach an der Kees sin ass nodréiglech festgehaal gin nach 500 € fir Télé-vie an 500 € fir ACFL-Solidaritéitsaktioun 2023-2025 (Pëtze fir Madagaskar) ze spenden. Beim Opléisen vum Kont geet wat bleiwt un d'Zentrlal vun ACFL De Comité