Fréijoersconcert vun der Fanfare Gouschteng-Beyren

No zwee Joer Paus, wéinst der Pandemie, konnt d’Fanfare Gouschteng-Beyren viru kuerzem endlech erëm e flotte Concert spillen. De President Alain Thill war frou e volle Sall ze begréissen an huet duerno duerch den Owend moderéiert.

Dat éischt Stéck “Magic Book” ass dirigéiert gi vum Didier Wein, deen, nodeems hie 15 Joer d’Fanfare geleet hat, den Dirigentebengel un den Ansis Nikolovskis weider gereecht huet.

Ofwiesslungsräich Stécker wéi “First Suite”, “Cassiopeia”, “Hit the Road Jack”, “The Centurion”, “Coldplay Classics” an zum Schluss “A Klezmer Karnival” hunn d’Publikum begeeschtert.

Nom Concert gouf eng Homemade Meebowl zerwéiert. Den Erléis vum Concert ass integral un de Projet Ukraine vun der ONG Kindernothilfe gaang.