Dik dik daak, dik dik daak, Mar ass Ouschterdag

Fréier huet Schoulvakanz Mëttes op «Gréngen Donneschdig» ugefangen, an d’Bouwen am Alter vun 6 bis 12 Joer hunn sech an den eenzelne Stroosse getraff fir d’Mëttesklack ze lauden. „Mëttesklack laut“ huet et duerch Gaasse geschaalt, iert Klibberen an d’Rubbelen dat Gaunzt mat hirem Geknatters nach am Kaméidi iwwertraff hunn. Klacke waren op Roum gepilgert fir hir Sënnen ze beichten, a matzen an der Mass Sameschdes Owes virun Ouschterdag sinn se mat feierlichem Gelauds rëm zréck koum. Gerubbelt a geklibbert gouf fir Mueresklack, Mëttesklack, Nuetsklack an och dräimol fir Massen an Vesperen. “Et laut éischt, t’laut zweet, t’laut af”

Sameschdes Mëttes sinn Bouwen mat hirem Weenchen vun Haus zu Haus gezunn, d’Klibberlidd gouf gesong an si hunn de Loun fir geleeschten Aarbicht a Form vun Ouschtereeër a Geld krut. Eng Gerechtigkeet beim Deelen gouf et seelen. Di Grouss, d’Chefen, hunn dat meeschten Geld fir sech behalen an déi kleng kruten d’Eeër. - Haut geet et méi gerecht hir, well Erwuessener Verdeelen iwwerhuelen. Hei an s do gëtt een Deel vum gesammelte Geld fir ee gudden Zweck gespent. Haut duerfen och Meedercher klibberen gouen.

Dëst Joer hun Kanner vu Foulscht dës flott Traditioun weider liewe gelooss a waren, ënnert der Opsiicht vun de Mammen, Karfreidig a Karsameschdig ënnerwee fir mat hirem Gerubbels a Geklibbers d’Lauden vun de Klacken ze ersetzen. Dat Gaunzt huet hinnen vill Spaass a Freed gemeet an Duerfleit hunn hinnen et och mat engem flotte Klibberloun gedaunkt. Zuel vun de Klibberkanner am Verglach zu Fréier ass leider nit méi esou grouss, an d’Weeër sinn duerfir méi wäit gin. Kee Ground fir dat nächst Joer nit rëm klibberen ze gouen, a ween weess, vläicht ass dann dat eent oder anert Klibberkaund méi derbäi.