Dem Jari seng Welt verändert sech


Dem Jari seng Welt verännert sech!

En neit Buch fir Kanner vun 10 Joer un

Klimawandel!!! dëst Wuert kennt all Kand. Leider mierke mir ëmmer méi datt dëst Wuert net nëmmen en neie Vokabel ass, mee di vill Naturkatastrophen déi mir dëse Summer erlieft hunn, hunn eis gewisen, datt de Klima sech net zum Positiven verännert.

An hirem neie Buch erzielt d’Madamm Arlette Schroeder- Hansen datt och an der Arktis, do wou de Jari wunnt Näischt méi esou ass wéi soss. De Jari ass en Inuit Jong aus dem Norde vu Kanada, dem Nunavut. Seng Famill a seng Frënn liewe säit laanger Zäit vun der Juegd um Äis. Och d’Robben an d’Äisbiere brauchen di riseg Äislandschaften fir ze iwwerliewen, awer dëst Äis gëtt ëmmer mi dënn a schmëlzt vill ze fréi. D’Juegd gëtt ëmmer mi geféierlech an d’Liewen ëmmer mi beschwéiert.

Obwuel d’Geschicht vum Jari erfonnt ass, huet d’Autorin eng Rei Suergen déi d’Inuit erzielt hunn dra verschafft an och d’Illustratioune bestinn aus Fotoen déi si op verschidde Reesen an den Norde gemaach huet. Och erzielt si e bësse vun deene grousse Séileit, déi sech am Ufank vum 20. Joerhonnert op Entdeckungsfaarten an den Norde getraut hunn. E Glossaire erkläert di verschidde spezifesch Begrëffer. Dofir eegent sech d’Buch och fir den Themenunterrecht an der Grondschoul.

Kafe kann een dëst Buch (51Säiten) an der Librairie oder bei Editions Friederich- Schmit fir 21€ ISBN: 978-29199576-8-2