Kultur- a Sportsfeier an der Fréisenger Gemeng
um weitere Bilder zu sehen.
Am Kader vun enger flotter Feierstonn an der Sportshal Romain Schroeder zu Fréiseng an op Aluedung vun der Sports- a Kulturkommissioun vun der Gemeng , waren et viru kuerzem eng ganz Rei un Laureaten, déi fir hir aussergewéinlech Leeschtunge wärend dem Joer 2024 mat engem Diplom an engem klenge Subside belount gi sinn.
Den Schäffe Carlo Heuertz huet d'Publikum häerzlechst Wëllkomm geheescht an an senger Ried betount, wéi wichteg et ass dass Musik a Kultur eng fest Plaz an eisem Liewen an och an eiser Gesellschaft behalen. Duerno war et e Grupp vun Capoeira Lëtzebuerg deen de Sall mat hiren spektakulärer brasilianescher Kampfakkrobatik op eng lëschteg Aart an Weis direkt ënner Abezéiung vum Publikum op Héchsttemperatur bruet huet.
Den Claude Kieffer, deen d'Moderatioun vun dësem Owend iwerhol hat, huet mat senger gekonnter interaktiver Aart duerch den Programm gefouert.
Fir D'Carole Hoffmann, Presidentin vun der Sportskommissioun, war et eng grouss Éier, d'Leeschtungen an d’Engagement vun de lokale Keelespiller, Marathonleefer, Reider an vill anere Sportler:innen auszezeechnen, an huet hinnen och weiderhi vill Erfolleg fir Zukunft gewënscht.
Musikalesch war et dunn un engem Saxophonensembel aus der lokaler Museksschoul fir des Feier gekonnt mat zwou Einlagen ze verschéineren.
Uschléissend war et um Cyril Perrichon, President vun der Kulturkommissioun, deenen talentéierte Schüler:innen aus der Musikschoul fir hiren Diplom ze felicitéieren. Schonns haut sin si an déi 3 lokal Museksgesellschaften integréiert an hëllefen duerch hiert Engagement, all kierchlech- an weltlech Manifestatiounen an der Gemeng ze verschéineren.
Als Ofschloss konnt den lokale Geschichtsfrënd Jean-Paul Meyer en "Prix spécial littérature" fir säi Buch "Der Hellinger Wasserturm und seine Renovierung" an Empfang huelen.
No der Veranstaltung konnt een nëmme glécklech Gesichter bei den jonke Laureate feststellen an hinnen d'Freed an den Aen ofliesen. Alleguerte Leit am Sall waren iwwerrascht iwwert d'Panoplie vun den ausgeüübten Kultur- an Sportstätegkeeten innerhalb vun onser dach iwwerschaubarer Gemeng.
No dem Verdeele vun de Präisser ass op weider vill Erfolleger an der Kultur an am Sport, a geselleger Ronn e Pättche gedronk ginn.