Ee gelongent Familljefest um Hunnenhaff!

Op engem Freiden am August huet um Hunnenhaff vun der Famill Lorentz-Kayser ee scho bal traditionellt Familljefest stattfonnt, dat puer Generatiounen zesummebruecht huet. Bei schéinstem Wieder a gudder Stëmmung si Familljememberen, Frënn an Noperen zesummekomm, fir ee gemittlechen Nomëtteg bis an d’Nuecht ran ze verbréngen.

D‘Wuerzele vun dem Hunnenhaff ginn zréck an d’18. Joerhonnert op säin éischt ernimmte Besëtzer NEU Michel „Hunnen Mich“. No sengem Doud am Joer 1773 war seng Fra fir zweet mat dem MOLITOR Michel bestuet, deen am Joer 1799 vum franséische Präfekt zum „Maire“ ernannt gouf. Ee Steen iwwer der Agangsdier dréit nach säin Numm (1776 Mich Mult). Am Laf vum 19. op dat 20. Joerhonnert huet de Familljennumm duerch Bestietnisser iwwer MAILLIET op KAYSER gewiesselt.

Obschonn net jidderee konnt derbäi sinn, waren iwwer 60 Persounen der Aluedung nokomm.

Fir dat kierperlecht Wuel gouf mat regionale Spezialitéite gesuergt. Den Haff huet de perfekte Kader fir Musek, Spiller a flott Gespréicher gebueden. D’Kanner hunn d’Gelänn entdeckt, wärend déi eeler Generatiounen Erënnerungen a Geschichtercher ausgetosch hunn.

D’Famill seet e grousse Merci un all déi, déi zum Gelénge vun dësem besonneschen Dag bäigedroen hunn, a freet sech elo schonn op eng nächst Oplag.