En Chéque un't A.S.B.L. "Lukraine" vum S.I. Furen

Dëst Joer huet de Syndicat d’Initiative Furen seng gemeinsam Generalversammlung mam Syndicat d’Initiative Baastenduerf den 16. Mäerz zu Baastenduerf am Gemengesall a Präsenz vum Buergermeeschter Aly Kaes, souwéi de Vertrieder aus der Gemeng an de Vertrieder vun de Veräiner aus der Gemeng an och nach vun de Vertrieder vun den Nopesch Syndicaten, ofgehalen.

Bei där Geleeënheet huet all Syndicat säin Joresberiicht virgestallt an op déi vergaangen an virun allem op déi kommend Aktivitéiten higewisen.

Dëst Joer ass de Syndicat d’Initiative Furen frou, den Erléis vu sengem Kaffis-Brunch op der Bëtteler Gare, deen dëst Joer den 22. Januar 2023 war a vill Succès haat, mat engem Don vun 1500 Euro un d´A.S.B.L.“Lukraine“ ofschléissen ze kënnen. A.S.B.L. Lukraine ass 2014 vun Ukrainer déi zu Lëtzebuerg liewen gegrënnt gin fir Spenden ze sammlen mat dennen sie direkt an der Ukrain hëllefen zum Beispiel: Pëtz bueren, (kaascht 40.000 euro), Iessen an Hygiène’s Produits sammlen, Spideeler mat medezineschem Material wéi Ambulanzen versuergen, Déminage, Prothesen, Generatoren fir Stroum, Heizung, Telefon an Internet Accès ze garantéiren. Sidd dir interesséiert méi gewuer ze gin dann fannt dir dest um Internetsite: https://ukrainians.lu/

E puer wichteg Datumer fir dëst Joer:


25.11.23: Niklosmaart zu Baastenduerf10.12.23: Porte ouverte op der Bëtteler Gare21.01.24: Kaffis-Brunch op der Bëtteler Gare11.02.24 : Porte ouverte op der Bëtteler Gare

Text vum Mireille CONRATH.