Bretzelverkaaf


D’Wander-Tramps Garnich hun den 19.03.2023 an der Gemeng Garnech Bretzelen verkaaft, mat dem Gedanken fir all Bretzel 1 € un den WONSCHSTAER ze spenden. Et sin duerch den Verkaaf 100 € an zousätzlech Spenden vun 65 € vun de Leit erakomm. D’Wander-Tramps Garnich hun en Don vun 500 € gemach. Esou konnt den 27.04.2023 bei engem Pättchen an engem gudde Maufel e Scheck vun insgesamt 665 € un den WONSCHSTAER iwereecht gin.