D'Schoulkanner vun Garnech spenden 1.730€ un Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Kader vun hirem Summerfest hunn d‘ Garnecher Schoulkanner 2019 den Erléis aus dem Verkaf vun Iessen a Gedrénks un d‘ Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent. D‘ Summerfest gëtt all Joers vum Schoulpersonal, der Maison Relais an den Elterevertrieder vu Garnech organiséiert. A verschiddenen Ateliere, vun Intefësche bis Fotobox, konnte sech d‘ Schoulkanner aus de Cyclen 1-4 den 3. Juli ameséieren an den Ofschloss vum Schouljoer 2018-2019 feieren. Bäi dëser Geleeënheet sinn am Ganzen 1730.- € Rescht bliwwen déi integral un Fondatioun gaange sinn.