De Bauerenhaff als Thema vun der Spillplaz

Am "englësche Gaart" zu Gaasperech ass eng flott Spillplaz fir Kanner bis 15 Joer. Thema vun dëser Spillplaz aus der rue Jean-Gaspard de Cicignon ass de Bauerenhaff.
Des Spillplaz ass komplett aus Holz a mat Rutschbahn, Sandkaul, Schaukel a Klettergerüst ass alles do wat e Kand brauch fir e schéine Spillnomëtteg ze verbréngen.

Hutt och dir eng flott Spillplaz an ärer Geigend da maacht e puer Fotoen dovun a wéist se hei op www.mywort.lu

Wann all Mënsch matmécht da kënnt dir einfach a schnell nei Spillplazen hei op mywort.lu entdecken.