Generalversammlung "Coin de Terre Dol/Nacher

Generalversammlung vum „Coin de Terre Dol/Nacher“


E Samsdeg, den 10. Februar huet de „Coin de Terre Dol/Nacher“ op seng Generalversammlung zu Géisdref agelueden.

No der Begréissung duerch de President gouf an enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Membere geduecht.

De Keeseberiicht gouf guttgeheescht an duerno huet de Sekretär den Aktivitéitsberiicht vum vergaangene Joer virgedro an ee kuerzen Ausbléck op d’Aktivitéite vum neie Joer gemaach.

Op eiser Foto gesi dir d’Gewënner vu „Village fleuri“, déi um Schluss vun der Versammlung hire Präis iwwerreecht kruten.

Den Owend ass ausgeklong mat enger Klengegkeet z’iessen an dem Éierewäin, dee vun der Gemeng offeréiert gouf.