Glühwäinspendenaktioun an der Gemeng Géisdref

Den 18. Dezember hot Kulturkommissioun zesomen mat engagéierten Fräiwëllegen Glühwäin a Kannerpunsch an der Géisdrefer Gemeng verdeelt. Dobäi goufen 900 Euro fir de Foyer Gënzebléi zu Dol (Association Luxembourgeoise Alzheimer) gesammelt. An enger klenger Feier goufen déi 900 Euro un den Här Denis Mancini, Direkter Ambulant Déngschter, an un d’Mme Cindy Bissen Hansen, Responsabel vum Foyer Gënzegold vun Dol, iwwerreecht.