Eng Zill fir den Daach vum Kallekuewen zu Greiweldeng

Greiweldeng. Esou huet d’Aktioun geheescht fir finanziell Ënnerstëtzung ze kréien souwuel vun de Memberen vun der Asbl Greiweldenger Leit, awer och vun der Gemeng Stadbriedemes a vum Ministère du Tourisme.

Den 22.9.2023 ass dësen Daach a Präsenz vum Lex Delles, Minister vum Tourismus, dem Schäffen- a Gemengerot, dem Här Paschtouer Daniel Graul,

dem Komitee a ville Memberen vun de Greiweldenger Leit asbl. ageweit ginn.


Iwer Jh. ass Kallek zu Greiweldeng gebrannt ginn a fir dass dës Handwierk net sollt an de Vergiess kommen, sinn 2003 zwee Kallekuewen ausgehuewe ginn an G L konnten op rumänesch Kallekbrenner zréck gräifen fir hire Projet ze verwirklechen. Vun do un ass schon 4mol Kallek gebrannt ginn.


Et war awer wichteg dës Uewen duerch en Daach ze schützen, fir dass och déi nächst Generatiounen nach en Androck vun dësem Handwierk kréien, dat fréier zum Duerf gehéiert huet.


De Wanderwee „Wäin, KulTour a Landschaft pur“ verleeft och bis bei d'Kallekuewen, op Panneauën kann ee no liesen, wéi de Wandel vum Kalleksteng bis bei de Branntkallek vir sech geet.

Photo: Paul Hilbert Fr.Kieffer - M.Th.Sibenaler via mywort.lu