Hëttermillen: D'Fëscherei ass op!

All Joer nees, virum 15. Juni, gëtt op der Hëttermillen eng komfortabel Zeltstad mat Kichen, Schlofkummer, Openthalt, WC a Grillplaz opgebaut. Och dëst Joer woren déi 6 Kollegen aus verschiddenen Uertschaften aus dem Osten pénktlech um Rendez-Vous, fir „d’Juegd“ op deen 1. Fësch net ze verpassen. Datt d’Aarbecht an d’Méi net ëmsoss woren, gesäit een un de Routaen a Bréissemen, déi am Fëschkuerf drop waarden, op de Grill geluegt ze ginn. – Mir wënschen deene 6 sympathesche Petrijünger besonnesch e flotten Openthalt op der Hëtt beim Waasser… an op ee Fësch méi oder manner kënnt et net un: d’Haaptsaach ass, d’Gesellegkeet stëmmt!