Donatus Kierch vu Gréiwels

D'Donatuskierch zu Gréiwels ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Wal gehéiert.


De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.


D'Kierch steet op der Haaptstrooss, dem CR308, nieft der Schoul. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.


Zur fréierer Par Randschelt hunn ausser der Filialkierch vu Gréiwels och nach d'Parkierch vu Randschelt, d'Kapell vun Heeschpelt an d'Filialkierch vu Kéiber gehéiert


Gréiwels, fréier Nei-Brasilien genannt, ass eng Uertschaft am Kanton Réiden, vun där de gréissten Deel an der Gemeng Wal läit. Eng Partie am Südoste läit an der Gemeng Groussbus.