Galaconcert Waler a Groussbusser Musek

An engem voll besaten Centre Nei Brasilien zu Gréiwels haten di zwou Museken op hire 9. gemeinsame Galaconcert invitéiert, dës Kéier zum Thema Faarwen. Ënnert der Direktioun vum Pierre Rongvaux ass et de Musikante ganz séier gelongen de Public, ënnert hinnen de Chamberspresident Fernand Etgen, mat Evergreens ewéi Goldeneye, Pink Panther, True Colors oder och nach Lemon Tree matzeräissen.

Dem Presentateur Roger Gereke war et wichteg drop hinzeweisen, dat esou e flotte Concert nëmmen duerch di enk Zesummenaarbecht vun deenen zwou Fanfare méiglech ass, an dat ouni auswäerteg Verstäerkung. No der zweeter Zugabe „Cordula Grün“ an dem verdéngten Applaus ass beim gemittleche Patt schonn un der Jubiläumseditioun 2020 zu Groussbus geplangt ginn.