4 Stäre fir de Maacher Camping

Viru kuerzem konnt de Syndicat d'Initiative et de Tourisme vu Gréiwemaacher, niewent vill interesséierte Membren, och den Tourismusminister Lex Delles, den Député-Maire Léon Gloden, d'Ostdéputéiert Tess Burton an de Vertrieder vum ORT, de Paul Lorenz op hirer Generalversammlung begréissen. Opgrond vun der Pandemie waren d'Aktivitéite vum leschte Joer zwar begrenzt, mais duerch e.a. d'Auszeechnung vum Maacher Camping als 4-Stäre-Camping kann de Syndicat d'Initiative d'Joer 2021 awer als duerchaus positiv ofschléissen. Och e gouf et e Wiessel un der Spëtzt an zwar huet d'Kitty Schiffmann-Bindernagel no iwer 10 Joer als Präsidentin dëse Posten un den Alain Goedert ofgetrueden.

Weitere Neuigkeiten von Nathalie Welsch >