50 Joer AIP

Den 14. Oktober 2019 hat d’AIP, d’Associatioun vun den Enseignante aus dem C1, déi grouss Éier a Freed, hir Memberen op de 50. Gebuertsdag vun der Associatioun ze invitéieren. No der Usprooch a Versform vun der Presidentin Joëlle Theobald-Schmit, huet d’Mme Francine Vanolst sech u vill Momenter mat der Aip um Menje an an anere Versammlungen erënnert an d’Felicitatioune vum Minister, dee leider net konnt kommen, iwwerbruecht. Dono war da méi e labberen Deel ugesot. De Roland Meyer huet de Sall mat sengen Anekdoten zum laache bruecht a bei guddem Fingerfood an engem Patt ass nach vill zesumme aus dem Schoulalldag erzielt ginn.