AG Amicale Maacher Guiden a Scouten 2021

D´Frënn vun de Maacher Guiden a Scouten (Amicale) hate leschte Mount op hir Generalversammlung an d´Veräinshaus-Home Jean Welter agelueden. No der Begréissung duerch de President weist hien op dat speziellt Joer hin, dat de Veräin 2020 hat. Pandemiebedengt konnten net vill Aktivitéite stattfannen. Dowéinst ass d´Zäit fir Verbesserungen an néideg Covid-19-Upassungen am Veräinshaus genotzt gin. De President dankt dem Ministère de la Jeunesse et de l´Enfance fir déi generéis Ennerstetzung beim Finanzement vum Heizungsembau an der Maacher Gemeng fir hire Covid-19-Subsid. E spezielle Merci geet un d´Mme Sylvie Bausch, déi no 20 Joer Asaz fir de Veräin, dovun 10 als Keessière, aus gesondheetleche Grënn ophält. D´Amicale wënscht hir all Guddes fir d´Zukunft.

Aus dem Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin si fir 2020 just dräi Punkte festzehalen:

d´AG am Januar, e gutt besichten Hierkenowend am Februar an den Adventsverkaf, deen iwwert e puer Deeg verdeelt gouf. Den Ausbleck fir 2021 gesäit net vill besser aus: eventuell eng Bedeelegung beim Wäifest zu Maacher an en Adventsverkaf.

De President presentéiert a senger Funktioun als Keessier a.i. de Bilan vun 2020, deen Decharge vun de Keeserevisoren ouni Aschränkung kritt.

De Chef vun de Scoute weist op déi schwiereg Situatioun hin, an der sech de Grupp 2020 befonnt an dovunner gutt erholl huet. D´Kanner sinn no der Pandemie zeréck komm. Hien ass houfreg doriwwer dass d´Scoute Friddensliicht erëm op Maacher konnte bréngen. Dem Schäffen- a Gemengerot dankt hien fir déi finanziell Ennerstetzung an fir d´Méiglechkeet, mat enger klenger Delegatioun um Tedeum konnten deelzehuelen. Ofschléissend seet hien dem Max Stolz e grousse Merci fir seng laangjäreg Aarbecht am Grupp a wënscht him all Guddes fir seng Zukunft.

De President seet dem Jean Oberweis villmools Merci fir seng méintelaang Bastelaarbechte fir den Adventsverkaf an dem Agnes Dostert fir säin onermiddlechen Asaz beim Verkaf vu Saachen op de Floumaart zu Gonschte vum Veräin.

De Comité vun der Amicale setzt sech zesummen aus: President a Keessier a.i. Geschwind Jean-Paul, Sekretärin Folz Inge, Chef vum Scoutsgrupp Britz Edmond, Membere Bohler Aline, Dostert Agnes, Frieseisen Steve (Gruppechef adj.),

Hary Sigrid, Nilles Sonja, Schiffmann Jean-Paul, Schmit Tilly, Werner Claude an Werner Mathieu.