AUSFLUCHSDAG vun de Lëtzebuerger Massendénger
um weitere Bilder zu sehen.
07.10.2023
AUSFLUCHSDAG vun de Lëtzebuerger Massendénger an de “Päiperleksgaart a Kulturhuef” op Gréiwemaacher.
Dëst Joer haten d’Lëtzebuerger Massendénger sech fir hire 5.diözesanen Ausfluchsdag Rendez-Vous am Dekanat Osten ginn – an dat zu Gréiwemaacher.
Nodeems d’Massendénger mat hire Begleeder vill Päiperleken an anere kleng Déieren am Päiperleksgaart bewonnere konnten, goung et an de Maacher Kulturhuef. Hei huet d’Verlobten vum Johannes Gutenberg, d’Fräulein Ennelin zu Iserin Thüre, de Grupp op eng lieweg Manéier duerch d’Gutenbergaustellung am Drockereimusée gefouert.
No enger Stäerkung an der Brasserie vum Päiperleksgaart hunn d’Massendénger am Kulturhuef an engem kreativen Ateliere selwer mat de “Letteren”, Drockfaarf an der Drockereipress geschafft.
Link op déi grouss Fotogalerie
Fotoen : Gudenburg Jacqueline, Konsbrück Tanja, Zahlen Kirsten
#ausfluchsdag2023 #lëtzebuergermassendenger #päiperlecksgaart #jardinsdespapillons #kulturhuef #gréiwemaacher #maacher #gutenberg Päiperlecksgaart : [https://www.papillons.lu/->https://www.papillons.lu/]
Kulturhuef : [www.kulturhuef.lu-> www.kulturhuef.lu]