Den Houseker op Besuch bei den Fussballmeedercher

Jeunes Filles vun der Entente Wuermer/Minsbech/Maacher hun zesummen mat hiren Familljen, Trainer an Verantwortlechen vun den Veräiner eng gemittlech Krëschtfeier gefeiert.

Den Houseker haat et sech net huelen gelos bei den Meedercher laanscht ze goen.

Am Gepäck haat hen natiirlech en kleenen Kado fir déi sympatesch Spillerinnen.

Zum Schluss hun et sech Meedercher net huelen gelos um Terrain eng Schnéiballschlacht ze maan.

Wanns du zwëschent 10 an 14 Joer bas, Loscht hues Fussball ze spillen dann zëck net Jeunes Filles ze kontaktéiren op hirer Facebook Säit Jeunes Filles Wormeldange/Munsbach/Grevenmacher

oder via mail un joelles@pt.lu oder elchen03@gmail.com