Viru kuerzem huet de Gréiwemaacher Dudelsakveräin "Spirit of the Highlands Pipes and Drums" op seng Generalversammlung an dee schéine Keller vun der Maacher Zéintscheier invitéiert.
De Veräin konnt op en aarbechtsintensiv a flott Joer 2022 zréckkucken matt insgesamt 24 Optrëtter am In- an Ausland.
Monique Hermes, Kulturschäffen, huet dem Veräin d'Gléckwënsch vun der Gemeng iwwerbruecht an d'Pipes, wéi si allgemeng genannt gi, als Ambassadeur vun der Muselmetropol bezeechent.
En Ausbléck op 2023 weist, dass et net manner Aarbecht wäert gi, déi awer vun den 22 Memberen matt groussem Elan ugaangen gëtt.
De Comité seet op dëesem Wee nach eng Kéier jiddwerengem Merci, deen de Veräin ennerstëzt huet. Méi Informatiounen sin op www.pipers.lu oder de sozialen Reseauen ze fannen.