Am Kader vun enger aussergewéinlecher Generalversammlung, déi am Gemeeneblat ugekënnegt gi war, hunn déi Maacher Fraen a Mammen den 28. September 2022 am Keller vun der Zéintscheier zu Gréiwemaacher de Veräin opgeléist, haaptsächlech wéinst Manktem un Nouwuess, wéi d’Presidentin Marianne Beffort-Thewes mat Bedaueren erkläert huet. D’Sekretärin a Caissière Madeleine Stoos-Goebel ass op d’Aktivitéite vun engem Veräin agaang, deen a Maacher gutt ugesi war an huet drop higewisen, datt d’Geld, wat nach do ass – 8.500 Euro – a Maacher bleift an zu gläichen Deeler gespent gëtt. 4.250 Euro si fir d’Parkierch – hei wäert eng Statu vum Patréiner vun der neier Par Musel a Syr Saint-Jacques ugeschaaft ginn, wéi den Deche Claude Bache gesot huet – a 4.250 Euro si fir den HPPA – do wäert d’Cafeteria verschéinert ginn, huet den Direkter Dirk Willems präziséiert.
Nieft enger Partie Fraen a Mamme waren och Membere vum Schäffen- a Gemengerot, vun der lokaler Drëttalterskommissioun a vum Kiercherot derbäi, wéi d’Schäffin Monique Hermes op den Historik vun de Maacher Fraen a Mammen agaang ass, déi am Joer 1956 aus dem Paramenteveräin ervirgaange sinn, am Laf vun der Zäit véier Presidentinnen haten – d’Damme Metzler, Bastian, Weiler a Beffort – a ganz vill Guddes a Maacher gewierkt hunn. Als Merci vun der Stad Gréiwemaacher kruten d’Marianne Beffort an d’Madeleine Stoos eng vun deene schéinsten Duerstellunge vu Maacher am Joer 1850 iwwerreecht an zwar e Faksimile vun enger Lithografie vum Franz Heldenstein. De Veräin selwer wäert a Maacher a ganz gudder Erënnerung bleiwen. (m.h.)
(Foto: Karin Backes)