Déi aktiv vum Potaschbierg ware mol nees mat de Pensionéierten zesumme Keele spillen an hu bei Scampi oder Schnitzel e flotten Owend zu Greiweldeng am Cafe Chaves verbruecht. Geprost gouf natierlech och a festgehal, dëse lëschtege Spektakel all Joer nees ze widderhuelen.