Haut de Mëtteg (Samschdeg), stoung Maacher ganz am Zeeche vun der Bratzel, wéi se op der Musel son. (An der Stad iessen se "Bretzelen") - Vun halwer 3 un kruten d'Léierpersonal an déi Kleng vun de Maacher Bäcker Schumacher a Schiltz gewisen, wéi een eng Bratzel richteg formt. Duerno gouf hiert "Konschtwierk" gebak. D'Kanner krute gläich eng Tiitche mat enger fäerdeger Bratzel mat, an deene Groussen hier goufe fir Télévie versteet. Et wor de ganze Mëtteg eng gutt Stëmmung fir Grouss a Kleng!