Spuerveräin Eemol am Mount

De Spuerveräin Eemol am Mount vu Gréiwemaacher spent zënter Joeren den Erléis vum Krëstmoart a vun hirem Weiberbal un eng karitativ Organisatioun.
Dëst Joer hunn se BLËTZ a.s.b.l. erausgesicht.
Déi Organisatioun existéiert eréischt zënter 2013 an ass eng Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hireschlag. Wann dir méi wëllt wëssen iwwer des Associatioun, da kennt dir Eech op hirem Internetsite informéieren: www.bletz.lu.
Déi Dammen vum Spuerveräin sinn iwwerzeegt, dass de Chèque vun 1.500.- €, deen si den 25.3. an der Brasserie Op Flohr iwwerreecht hunn gutt ugewannt gëtt.

Weitere Neuigkeiten von Nico Michels >