Grosbous 30 Joer Scouten zu Groussbus, Mäerzeg, Useldéng, Viichten, Préizerdaul an Wahl Lëtzebuerger Guiden a Scouten Groussbus 2 Bildergalerie Bitte scrollen Sie nach unten,um weitere Bilder zu sehen. Veröffentlicht am Donnerstag, 9. November 2017 um 19:42 Grosbous, Luxemburg Den 04.11.2017 hunn d’ Scouten vun Groussbus hiren 30jähregen gefeiert – hei dann gläichzäiteg och den Départ an d’ Scout s-Retraite vun dem Valy Bodem (fréieren Gruppechef) an dem Fernand Pletschette (fréieren Caissier an Gruppechef adjoint). Bei en puer flotten Stonnen an der Ronn vun dem ganzen Grupp St. Maximilien Kolbe, vun dem Commissaire général an dem Commissaire général adjoint vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten, vun alen Scout s-Frënn, Frënn vun aneren Gruppen an dem Verband, Leit aus den Uertschaften an natierlech den Verantwortlechen aus den 6 Gemengen, konnten mir Erënnerungen austauschen an een kléngen Réckbléck ginn iwwert déi leschten grouss Aktivitéiten, déi mir erlieft hunn – éiert mir dann gemittlech alleguerten zesummen bei engem gudden Patt den Owend hunn auskléngen loossen. Op dëser Platz dann wëllen mir awer nach eng Kéier der Gemeng vun Groussbus eisen groussen Merci ausdrécken fir zur Verfügung stellen vun dem Festsall, dem Éierewäin an – allgemeng – der gudder an der onkomplizéierter Zesummenaarbecht an der Saach. Unpassenden Inhalt angeben Weitere Neuigkeiten von Lëtzebuerger Guiden a Scouten Groussbus > Ouschterfeier zu Groussbus 09.04.18 Grosbous