30 Joer SDCN: Eng sportlech an emotional Gebuertsdagsfeier zu Groussbus

Fir säin 30. Gebuertsdag ze feieren, huet de Ju-Jitsu Self-Defense Club du Nord (SDCN) de 6. Juli op e grousst Duerffest zu Groussbus invitéiert.

Den Highlight vum Dag war ouni Zweiwel d’Virféierung vun 39 Kanner, déi ënner den Ae vun hiren houfregen Elteren demonstréiert hunn, wat si an de leschte Méint geléiert haten. Begleet vu vill Applaus, hunn si am Uschloss hir nei Ceinturen iwwerreecht kritt.

Déi Erwuessen hu mat enger spektakulärer Demonstratioun gewisen, op wat et am Kampfsport ukënnt – Technik, Kraaft an Disziplin.

E weidert Highlight war d’Éierung vum Patrick Pauly, Grënnungsmember vum SDCN. Fir säi laangjäregt Engagement am Veräin a seng Verdéngschter fir de Kampfsport gouf hie vum Norbert Baecker, Vizepresident vum Comité directeur vun der FLAM, mat der schwaarzer Ceinture ausgezeechent.

An senger uschléissender Ried huet de Carlo Bintener, President vum Veräin, d’Wichtegkeet vum Sport fir Kanner a Jugendlech ënnerstrach an dass d’Freed un der Beweegung an de géigesäitege Respekt am Mëttelpunkt vum Training solle stoen.

Nieft de Rieden, an deenen d’Trainer, d’Frënn, d’Familljen an d’Vertrieder vun den offiziellen Institutioune Merci gesot kruten, sollt d’Feieren awer och net ze kuerz kommen: Eng grouss Gebuertsdagskuch gouf ugeschnidden, a fir Iessen an Drénke war de ganzen Dag iwwer gesuergt.

Befrënnte Veräiner hunn dem SDCN ënner d’Äerm gegraff, fir déi ronn 165 Gäscht ze bekäschtegen. Fir d’Kanner gouf et speziell Aktivitéiten, dorënner e e Bungee Trampolin an e Schminkatelier.

De Veräi wäert nach laang mat Freed op dës emotional an dynamesch Gebuertsdagsfeier zeréckblécken.