Réckbléck op eng an villen Hinsichten Erfollegräich Saison 2022/2023

Traditionell huet den Dëschtennis Groussbus-Mäerzeg Saison 2022/23 mat hirer järlecher Generalversammlung ofgeschloss.

No engem waarmen an offizielle Wëllkomm an enger beweegen der Gedenkminutt fir de verstuerwene Member Georges Pick, gouf dunn den Réckbléck op déi sportlech an ausssersportléch Aktivitéiten gemaach.

Ugefaangen huet d’ Saison fir déi 47 aktiv an Lizenzéierte Memberen mat der Coupe Ardenne Eifel an Coupe de la Wark. Net onerwähnt soll bleiwen, dass mir Coupe de la Wark dës Saison rëm op Mäerzeg bruecht hunn. Duerno ass et dann mat der Saison lass gaangen, déi, an dat ass nei an 2 gespléckt war. An der éischter Hallschent vun der Saison konnten mir den Opstig direkt mat 3 Equippen féieren. Leider, duerch iwwerduerchschnëttlech Krankheet Ausfäll, sinn mir an der zweeter Hallschent vun der Saison rëm ofgestigen.

Traditionell huet déi sportlech Saison mat dem dëst Joer immens erfollegräiche 1. Mee Tournoi opgehalen, engem Turnéier den e grousse Publikum ënner Dëschtennis Fans op Mäerzeg gezunn huet. E besonnescht schéine Moment fir de Club waren déi gutt Fortschrëtter déi vill vun de Jugend Spiller ënnert der wäertvoller Leedung vum an Dëschtennis Kreesser bekanntem Trainer Vincent Goffinet gemaach hunn, déi sech an hiren jeeweilege Kategorien verbessert hunn.

Weider gouf huet Tresorier Marc Besch den finanzielle Bilan vum Joer presentéiert, deen positiv ausgefall ass, dëst och duerch den erfollegräiche Hierken Owend a Kannerfuesbal

Niewent engem Ausbléck op Saison 2023-2024, wou mir rëm am September um Bike4all zu Mäerzeg an um Gréiwemaacher Wäifest aktiv deel huelen. Doniewent organiséieren wéi déi vergaangen Joren och erëm de 19 Januar 2024 de Hierken Owend zu Groussbus an Fues Samschden de Kannerbal zu Mäerzeg.

Virgestallt gouf och dee neie Sponsor, d' Firma MATHEY MAZOUT, déi generéist Spill-Trikot a Jaquettën fir di nei Saison gesponsert huet.

De Comité vum Veräin besteet aus engem engagéierten Team vu Memberen, déi hiren Engagement an hir Kenntnisser konsequent opbréngen. Dëst sinn de President Claude Glesener, Vize-President Alain Freymann, Sekretärin Kass Martine, Tresorier Marc Besch, souwéi d’ Memberen Jeff Rick, Nicole Kemp, Wiltgen Joe (nei Member), Jean-Paul Mathieu an Guy Baltes.

Nom offiziellen Deel vun der Versammlung huet sech den gesellege Deel ugeschloss. De Veräin huet dëst mat engem gemittlechen Ausklang am Restaurant M.Bao zu Mäerzeg gefeiert, wou d’ Memberen hir Erfolleg an hir gemeinsam Zäit zesumme genoss hunn.