Un der Attert...

Un der Attert

Un der Attert. no bäim Waasser. Wou déi grousseg Pëpple stinn. Wunnt de Bauer Péitsche Lauer. A säi Meedchen d’Josephin.

Hie wor ëmpeg. hat wor dëmpeg.

Sou eng Nuddeldampmaschinn.

Hien haat neng an sengen Händschen. Duefir zeng haat d’Josephin.

Emol gong et, eemol stong et. Bäi der Bach eist Josephin,

An du rëtscht et an du glëtscht et. Flupp an d’Baach eist Josephin.

t huet detuddelt. ‘t huet gespruddelt. An der Baach eist Josephin

Well ech aawer d’Waasser scheien. Loos’n ech et leien d’Josephin.

0 meng Moodi, waat e Stoodi. Voller Zoodi. Josephin.

Ech gesin dech nach e wéineg. An da gin ech Josephin.


Text vum Jean-Pierre Welter