Madame Delperdange-Kaber huet hir 90 Joer gefeiert

Viru kurzem huet Madame Delperdange-Kaber Antoinette bei bëschter Gesondheet hir 90 Joer gefeiert.


D’Jubilarin huet den 11 Abrëll 1929 Liicht vun de Welt erbleckst, hir Elteren waren Madame Marie Guillaume an den Herr Jos Kaber.

No hirer Primärschoul huet Madame Kaber eng Leier als Coiffeuse gemaach. 1952 huet Si sech mam Erny Delperdange bestuet an zesummen hunn sie zwee Kanner kritt, Marcelle an Fernande. Haut ass Madame Kaber stolz an houfreg op hir Kanner, Enkelkanner an Urenkel.


D’Fatima Kapell um Haff zu Harel ass bis haut een besonnech wichtegen Deel an hirem Liewen, hiren Papp Steemetzer vun Beruf, huet 1949 nom Krich mat gehollef Kapell nei opzeriichten. Kapell steet fir Leed a Fridde am Liewen wou Léit bis haut hiren Trouscht fannen kenen.


Den Buergermeeschter René Michels an Begleedung vun den Conseilleren Marco Koeune an Romain Koeune, hunn der Madame Delperdange-Kaber een schéint Blummenarrangement, an een Familljen-Stammbam deen vum Här Daubenfeld zesummen gestallt gouf, an eng Kopie vum Hochzäitsschain vun der Gemeng iwwerreecht.


Den Buergermeeschter huet der Madame Kaber am Numm vun allen Awunner, Gemengerotsmemberen an seng perséinlech Gléckwënsch mat enger gudder Gesondheet aus der Gemeng iwwerbruecht.


Madame Kaber huet et sech nët entgoen gelooss fir sou munch flott Anekdoten aus hiren Liewen kënnen ze erzielen.