BOORBELDAG

E Samschdeg, den 9. Dezember 2023 hunn d’Frënn vun der Lee zesumme mat de Kollegen aus der Grouf ‚Schiste de Martelange‘ an de Pompjeën aus der Gemeng Boorbeldag gefeiert. Ugefaange mat enger Mass zu Wolwen (L) an der Kierch, déi vum Paschtouer Joel Santer gehalen a vum Gesang aus der Por Rammerech festlech gesonge gouf, ass et duerno weidergaangen op Maartel (B) an déi fréier Leekoll Donner. Hei gëtt nees geschafft an hir Aarbechter kruten vum Kënschtler Vincent Theret eng nei Boorbel skulptéiert. Nodeem déi schéi Statu vum Paschtouer geseent gouf, krut si hir definitiv Plaz beim Schacht vun der Carrière. Nom Éierewäin offréiert vum Exploitant Windeshausen vun der Grouf ass den Nomëtteg séier bei engem gemeinsamen Iessen mat villen interessante Gespréicher a léiwe Leit eriwwer gaangen. Ee grenziwwerschreidend Fest ënner der Schutzpatrounin vun de Biergleit an de Pompjeën wou och d’Helleg Boorbel sech sécherlech eng Widderhuelung géing wénschen.