De neien ënnerierdesche Parcours am Schiefermusée Uewermaartel

De Schiefermusée ass em eng Attraktioun méi räich: Nieft dem eemolegen architektoneschen Ensembel vun Uewermaartel, dem Visiteurszuch an dem Bopebistro, ass et dem Besicher méiglech ee Bléck an déi beandrockend Kummere vum ënnerierdesche Schiferofbau an der nei zougänglecher Grouf ‚Johanna‘ ze werfen. No 90 Minutte bei konstanten 9 Grad an insgesamt 373 Träppleken bis op eng Déift vun - 42 m an zeréck, krit een duerch eng modern Beliichtung an audiovisuell Projektiounen een Androck vun der Schiferindustrie a senge gewaltegen Ausmoossen ëm 1900 genau wéi vum Liewe vum Leekëppert. Jackett a gutt Schong si bei all Wieder obligatoresch.

D’Aarbechte fir d‘Erschléissung vum neie Souterrain vun der Grouf ‚Johanna‘ hunn am Ganzen 3 Joer gedauert. Dat éischt Joer ware just grouss Infrastrukturaarbechten iwwerierdesch un der Rei. Mat der Installatioun vun enger moderner Pompelstatioun, dem Bau vun enger Hänkbréck op – 42 m, enger Trap déi just säitlech am Fiels konnt verankert ginn, engem ale Pëtz aus dem mer bis op 20 m Déift Schiferoffall hu mussen eraus huelen an dat Ganzt mat bis zu 120 m Waasser ënner eise Féiss ass et tëscht 2020 an 2022 am Souterrain lues a lues konkret ginn. Den INPA als Bauhär war responsabel fir de Finanzement an d‘Koordinatioun vun iwwer 20 Corps de Métiers a Betriber déi hei zesumme geschafft hunn genau wéi vum onwarscheinleche Material dat gebraucht gouf fir d’Grouf an den ënnerierdesche Parcours ofzesécheren net nëmme fir déi geféiert mä och fir déi individuell Besichtegungen. D’Szenographie ass entstanen iwwer den Erfarungsschatz vun de ‚Frënn vun der Lee‘ zesumme mam Schiefermusée, Architectural Lighting an der Grafikerfirma res d vu Köln. Cavelighting huet mat hire selwer entwéckelte speziell Luuchte der Beliichtungsarchitektin hir Entwërf professionell ëmgesat an an der Firma Voltige haten d’Firme Rinnen an FD Electric dee richtege Partner an der Ofsécherung vum Parcours an de kniwwelegen a geféierlechen Aarbechten an der Héicht. Natierlech goufen et an den 3 Joer Réckschléi an Imprevue an net zulescht Covid selwer war ee Grond firwat d’Erëffnung ëfters huet mussen no hanne verschuewe ginn.

An Zukunft awer si Lëtzebuerg an d’Groussregioun ëm eng Attraktioun méi räich an dat onofhängeg vun der Saison. Den neien ënnerierdesche Parcours kann dat ganzt Joer a bäi all Witterung besichtegt ginn. Och fir de Fliedermausschutz ass gesuergt. Doduerch dass mir op – 42 m ofgepompelt hunn, an dat an iwwer 10 Kummeren, ass fir si ee riseg neien Eldorado mat konstanten Temperaturen opgaangen an deem et genuch Méiglechkeete gi fir ongestéiert an onbeliicht ze schlofen an d’Visiteure gi sensibiliséiert op d’Presenz an de Schutz vun den Déieren. Den neien ënnerierdesche Parcours ass eng eemoleg Geleeënheet fir een ongewéinleche Milieu op eege Fauscht z’entdecken, dee geschaf gouf an enger Zäit wou Dampmaschinnen déi éischt Motore waren an d’Handwierk een Atout.