Iwwerreechung vun engem Dodge Fargo un de Schiefermusée

2023 ass de Georges Carbon, Nokomme vun der Transport- a Busfirma François Frisch vu Rammerich a bekannt fir seng schéin al Bussen, un de Schiefermusée erugetruede wéinst enger Donatioun vu sengem Dodge Fargo. Et war genau dee selwechte Modell dee säi Bopa an den 1950er Jore gefueren ass fir Leeë, Leeësteng a Gresch op der Leekoll ewech ze huelen a bäi Clienten ze transportéieren. D’Agnes Hoogenhout, Presidentin vun de Frënn vun der Lee, de Marco Schank, President vum Schiefermusée, d’Administratrice Doris Thilmany genau wéi de Georges zesumme mat senger Mamm Clode Carbon-Frisch hunn sech op dësem kale Méindegmoien, den 8. Januar, an der fréierer Scierie vun der Leekoll getraff fir den offiziellen Akt mat der Iwwerreechung vum Dodge Fargo, Baujoer 1948. Wärend den Ëffnungszäite vum Schiefermusée kann een deen ale Camion, deen am Kader vum Marshall-Plang nom 2. Weltkrich fir de Erëmopbau vum Kontinent vun den Amerikaner op d’Festland importéiert gouf, lo do a Wierklechkeet ausgestallt stoe gesinn. De Schiefermusée ass an de Wanterzäiten och mat dem Souterrain bis op – 42m fir Besicher op, Mëttwochs mëttes a Samschdes a Sonndes vun 10h00 bis 18h00 oder fir Visitten op Rendez-vous och soss iwwer d‘Woch.