Musée de l'Ardoise fir Grouss a Kleng

Dir sidd nach op der Sich no enger interessanter Beschäftegung fir an der Summervakanz? Wéi wär et da mat engem Ausfluch aus Uewermaartel wou dir de Wee vum Leeësteen an och d'Aarbecht vum Leekëppert kënneléiert, eng ënnerirdesch Grouf entdecken kënnt an nach e bësse sëlwer am Schifer kreativ kannt ginn? Dann netdeckt elo eise Summerprogramm fir d'Schoulvakanz. Fir jiddereen ass eppes dobäi, op e Workshop an der Gravur, dem Airbrush oder dem Pointillisme oder eng ganz klassesch Visite Guidée, et fënnt een ëmmer ëppes op der Leekoll! (Reservatioun obligatoresch!)

A wann dir de Weekend wëllt de Site kucken kommen: Mir sinn op Samschdes vun 14:00 bis 18:00 Auer a Sonndes vun 10:00 bis 18:00 Auer. Den Accès op de Site ass gratis an de Bopebistro ass op (Covid-Check)! Mir freeën eis op äre Besuch!