Cäcilienéierung 2022

Sonndeg, de 4. Dezember, huet d'Chorale Ste Cécile Hiefenech zu Éiere vun der helleger Cäcilia eng feierlech Mass gesongen.


An dëser Mass goufe folgend Membere geéiert:


Ira Kiesslich-Köcher - Insigne de mérite fir 5 Jar Member
Janice Baldwin - Médaille en bronze fir 10 Jar Member
Ludwig Müller - Médaille en argent fir 20 Jar Member
Peggy Müller-Greischer - Médaille avec palmettes fir 40 Jar Member


No der Mass huet d’Gemeng op een Éierewäin an de Centre culturel et sportif invitéiert.


Um Weekend vum 3. Advent stoungen dunn zwee Optrëtter op dem Programm: Samschdes huet d'Chorale op dem Hiefenecher Chrëschtmaart mat Christmas Carols fir Stëmmung gesuergt a Sonndes hunn d'Chorale vun Hiefenech a Bissen zesummen e Chrëschtconcert zu Bisse am Festsall vum Veräinshaus gesongen.


Fir 2023 ass fir d'Ouschtermass zu Hiefenech an d'Mass fir Päischten zu Bissen och e gemeinsame Projet geplangt.

Foto: Ben WAGNER