Chrëschtfeier

Wéi all Jor hat Gemengeverwaltung zesummen mat der Kommissioun vum 3ten Alter op Chrëschtfeier invititéiert. Vill Awunner aus der Gemeng hun un däer sympatischer Feier deelgehol an e puer flott Stonnen zesumme verbruecht. Niewend dem Kulinareschem kum och dat Kulturellt mat Musek vum Jos Schartz nët zum kierzten. Nom Kaffi ass Mme Hilda Jacob-Gloesener fir hiren 80ten Gebuertsdag geéiert ginn. Als Cado huet de Buergemeeschter Jérome Seiler a Membren vum Schäffen- a Gemengerot eng Corbeille mat Produkter aus dem Naturpark Mëllerdall iwwereecht.