D'Grondschoul vun Hiefenech ënnerstëtzt d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Grondschoul vun Hiefenech war zesumme mat hire Schüler an den Enseignantë ganz sportlech ënnerwee a si fir de gudden Zweck gelaf.Si hunn ee Charity Run organiséiert wou d'Schüler fir all Tour wou se gelaf sinn, finanziell ënnerstëtzt gi si vun hire Sponsoren. D'Schüler ware ganz motivéiert an hunn déi enorm Zomme vu 5.000€ gesammelt. Dës generéis Spend hu si läscht Woch mat grousser Begeeschterung an engem grousse Scheck un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. www.fondatioun.lu